Beschreiwung

De Grupp Bëschhummelen ass eise Naturgrupp, a befënnt sech am Wigwam, am Häerz vum Gaart an an der Natur. Zwee Educatricen begleeden d’Kanner am Alldag a féieren si duerch hir Entdeckungen dobaussen – a jidderer Joreszäit. D’Natur gëtt zu engem liewege Léierraum, wou d’Kanner kënnen entdecken, sech beweegen, observéieren, fantasséieren a kooperéieren. Dës Approche fërdert d’Motricitéit, d’Selbstvertrauen, d’Kreativitéit an de Respekt virum Liewegen an der Ëmwelt.

Aschreiwen

Dir wëllt Äert Kand bei ons umellen? Fëllt w.e.g. de Formular mat ären Informatiounen aus. Mir komme schnellstméiglech op Iech zeréck.

Detailer: