Beschreiweung

De Grupp bei den Hummelen riicht sech u Kanner, déi mat Neigier a Freed d’Welt entdecken. Begleet vun zwee Educatricen, entwéckelen d’Kanner sech an engem sécheren a strukturéierten Kader, deen d’Autonomie, d’Selbstvertrauen an d’sozial Kompetenze stäerkt. Duerch Spill, kreativ Aktivitéiten, Beweegung an d’Zesummeliewe vun der Grupp gëtt all Kand individuell begleet, ëmmer am Respekt vu sengem Rhythmus a senger Perséinlechkeet.

Aschreiwen

Dir wëllt Äert Kand bei ons umellen? Fëllt w.e.g. de Formular mat ären Informatiounen aus. Mir komme schnellstméiglech op Iech zeréck.

Detailer: